«Wa Muedebëtzeg de Blues war, sou ass Roughmix pure Punk», sou de Roland Meyer iwwer säin neit Buch, dat grad wéi Muedebëtzeg beweist, datt am Lëtzebuergeschen och modern Literatur ouni Weideres méiglech ass.
Wéi den (engleschen!) Titel et scho seet, ass et e graffen a raue Mix wéi an der moderner Rockmusek iwwert d‘Liewe vun de Memberen an d‘Frënn/Frëndinne vun enger Museksband, déi op hiert Liewen zréckkucken, vu groussen Dreem an engem klenge Land, vun Ausbréch aus dem normale Liewen voller Virurteeler, awer och voller Iwwerraschungen. Sou spillt eis de Roland Meyer a sengen Tracks d‘Liewe vu senge Protagonisten vir a léisst d‘Irmine gläich vun Ufank u soen: „D’Liewen u sech ass net dat, wat mir zu Lëtzebuerg zanter eiser Kandheet als d’Liewe kenne geléiert hunn, Sécherheet, Gesondheet, Wuelstand, dat ass d’Ausnam. De Bléck vu bausse schäerft d’Bild, dat s de der méchs.“