Baixar All Dag verstoppt en aneren: Kuerzgeschichten (Luxembourgish Edition) pdf, epub, ebook
casa editrice

All Dag verstoppt en aneren: Kuerzgeschichten (Luxembourgish Edition)

Dem Gast Groeber säi Roman „Manu“, war 2013 op der Shortlist fir de Lëtzebuerger Buchpräis. An deemselwechte Joer krut hie fir seng Kuerzgeschicht „Eng Duerfidyll“ e Präis am Nationale Literaturconcours. A mat där Geschicht fänkt och dem Gast Groeber säi Buch „All Dag verstoppt en aneren“ un, wou 9 Kuerzgeschichte vun him publizéiert sinn.

All Dag, dee virun deem aneren an deen hannendrun, all Dag ass Alldag: en Dag voller Erënnerungen un déi virdrun an en Dag voller Gefiller fir déi duerno.
All Dag geschitt eppes, an dofir ass all Dag no deem virechten a virun deem nächsten eisen Alldag.
Am Gast Groeber sengen néng Kuerzgeschichten entdecke mer verschiddenst Leit, déi jiddereen op iergendeng Manéier en Dag erliewen, deen hiren Alldag verännert.
Seng Geschichte spigelen dat modernt Lëtzebuerg vun haut, souwuel déi Kuerzgeschichten, déi hei spillen wéi och déi am Ausland, well mir hautesdaags vill ënnerwee sinn. Och d‘Sprooch ass zäitgeméiss a mat senger 3. Publikatioun bei Op der Lay weist sech ëmmer méi, datt de Gast Groeber zu deenen Auteuren zielt, déi ganz bewosst beim Schreiwen d‘Lëtzebuerger Realitéit literaresch verschaffen.
Scaricare ebook Sarai reindirizzato al sito web o l'editore dell'autore.

eBooks simili con All Dag verstoppt en aneren: Kuerzgeschichten (Luxembourgish Edition)